US Hueschtert 1:3 FC Swift Hesper
22 January 2021
Erstallt vum Football Club Swift Hesper
Den 1.Testmatch vum Joer 2021 konnt de Swift zu Hueschtert gewannen. Zum Schluss vun der 1.Hallschend hat de Swift d`Méigelegkeet vum 11m Punkt a Féierung ze goen, dem hakim Abdallah säin Schoss ass awer widdert d`Laat gang, sou dat et mat engem leechtungsgerechten 0:0 an d`Paus gang ass. An der 56 Minutt sollt den Hakim dann awer eng éicht Kéier erfolleg hunn an zum 1:0 fir de Swift treffen. Just epuer minutten drop konnt d`Lokalekipp ausgläichen. 20 Minutten virun Schluss huet den Hakim Abdallah op 2:1 erhéicht, just eng Minutt méi spéit konnt den Marwane Benamra mam 3:1 fir d`Fierentscheedung suergen.
Den nächsten Match steet schon muer um Samsteg um Programm. Um 15:00 spillt de Swift doheem géint Neuves-Maison aus Frankräich. Och dëse Match gët ouni Zuschauer gespillt.