Transfer: Jonathan Joubert


13 May 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Méi wéi 495 Seniorsmatcher an 90 Matcher mat der Nationalequipe: Des Zuelen kënnen just zu engem Spiller gehéieren: Den Jonathan Joubert, Rekordspiller an der BGL-Ligue wiesselt no 16 Joer vum F91 Diddeleng bei den Hesper Swift! Mat 40 Joer ass den Jonathan en enorm erfuerenen Goalkeeper den net just dem géigeneregem Stuerm Kappzerbrieches bereeden dierft, mee den och mat senger enormer Erfarung eng grouss Hëllef fir eis jonk Goalkeeper wäert sinn! Häerzlech Wëllkomm, Jonathan!