KLOER SAACH GÉNGT BIELES

KLOER SAACH GÉNGT BIELES

Eis éischt Ekipp konnt um 13.Spilldag en onerwaart däitlechen 7:1 (4:1)-Succès géngt Bieles feieren an domatt hir fënneft Plaatz am Klassement confirméieren.
 
Filipe Almeida (19.'), Gilles Faber (37.') an zwee Mol Sabin Yagremongo (29.' an 43.') hate schonn virun der Paus fir kloer Verhältnësser gesuergt. Den tëschenzäitleche Bieleser Uschlossgol war an der 31.Minutt (2:1) gefall.
 
Kuerz nom Säitewiessel huet de Filipe Almeida eng zweete Kéier getraff (52.'), ier Samir Louadj (66.') an den agewiesselte Louis Gales (89.') d'Resultat weider an d'Luut geschrauwt hunn.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Falkner, Skenderovic, Bousseau, Marques (68.' Dos Reis), Faber (75.' Sinanovic) Perrey, Louadj (80.' Wagener), Yagremongo (68.' Gales), Fernandes
 
Nächste Sondeg, den 03.Dezember geet et weider mam 14.Spilldag, wou en Auswäertsmatch zu Koplëscht um Programm steet. Ustouss um Terrain an der Rue de Mersch ass ëm 16 Auer.