GLÄICHSPILL ZU MÄREL


04 December 2022

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Am leschten Auswäertsmatch virun der Wanterpaus huet eis éischt Ekipp sech missen zu Märel matt engem 1:1 (0:0)-Gläichspill zefridde ginn.

Zwar konnt den Harun Mehanovic déi Blo-Wäiss kuerz no der Paus (52.‘) a Féirung brengen, allerdengs huet d’Lokalekipp an der 85.Minutt nach den Ausgläich markéiert.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Myre, Lima, Faustino, Wagener, Jacinto, Dos Reis (87.' Tacchi), Faber (80.' B.Mehanovic), Faria, Goncalves, H.Mehanovic (85.' Ribeiro)

Nächste Sondeg, de 11. Dezember steet de leschten Heemmatch vun dësem Joer géngt d’Union Mertert/Waasserbëlleg um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 15 Auer.