Erneierung vum Terrain Robert Thill


22 April 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Den Terrain Robert Thill, direkt niewt dem Stade Alphonse Theis get aktuell komplett erneiert. En neien Drainage-System soll verhënneren dat den vill genotzten Terrain bei schlechtem Wieder zevill a Matleedenschaft gezunn gëtt. Niewt den Trainingsunitéiten vun der 1.Ekipp ass den Terrain och fir Matcher vun eisen Dammen-, Reserven- a Jugendekippen firgesinn, wouduerch natierlech eng enorm Belaaschtung optrëtt. Dës Aarbeschten werten bis an den Summer eran undaueren. E grousse Merci dofir un d Hesper Gemeng!