Ent. Paffendall 4:6 FC Swift Hesper


01 March 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

En méi wéi spannenden Match hun sech d'Dammen zum Start vun der Réckronn geliwert.

No den éichten 45 Minutten loung d'Lokalequipe nämlech däitlech mat 4:1 fir, an daat och net onverdéngt. An der zweeter Hallschend huet sech de Swift dun awer ganz kämpferech gewisen, an de Match komplett gedréit. Zum Schluss konnt en 4:6 erausgeholl  an domat déi 1.Platz am Klassement verteidegt ginn.