ÉISCHT DAMMENEKIPP SPRÉNGT OP PLAATZ ZWEE
24 October 2021
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Eis éischt Dammenekipp huet sech um 7.Spilldag matt 5:1 (2:1) op der Fola duerchgesat a verbessert sech doduerch matt elo 13 Punkten op déi zweet Tabelleplaatz.
D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn d'Lisa Noesen (25.', 57.' an 65.'), d'Aurélie Clerc (40.') an d'Claudia de Jesus (83.') geschoss. Tëschenduerch hat d'Fola den 1:1-Ausgläich (35.') markéiert.
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: R.Lopes, Goncalves, K.Noesen, Raos, Boutellaka, Morgado, L.Noesen, Fernandes, Clerc, Jenny Lopes, Soares. Reserve: De Jesus, Zarnowski, Silva, Amalou
Nächste Samschdeg, den 30.Oktober steet en Heemmatch géngt d'Entente Rouspert/USBC um Programm. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Zéisseng.
Fir eis zweet Ekipp gouf et an der Ligue 2 eng 0:4 (0:1)-Nidderlag zu Nidderkuer.
EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Weis, De Sousa, Schmid, Teixeira, Gilles, Mendes, Da Costa, Mangen, Gregorius. Reserve: Alves, Maroteaux
Den nächste Match vun der Entente Cebra/Izeg II ass e Samschdeg, den 30.Oktober ëm 19 Auer zu Izeg géngt Steesel.
#ICC