1:0-Defaite zu Diddeleng

1:0-Defaite zu Diddeleng

Am Spëtzematch gouf et en 1:0-Succès fir den F91géint Hesper. Nodeems de Match mat vill Tempo ugefaangen hat, huet de Niveau an der 1. Hallschent genau sou séier nogelooss. De Couturier hat déi eenzeg richteg Golchance fir d'Gäscht an der 33. Minutt. D'Säite si mat engem 0:0 gewiesselt ginn. An der Suite war Hesper liicht besser, den éischte Gol sollt awer op der anerer Säit duerch den Agovic falen. D'Heemekipp stoung gutt an der Ofwier an et sollt beim knappen Erfolleg fir Diddeleng bleiwen.
Artikel: RTL.lu