HÉICHVERDÉNGTE PUNKT


21 April 2024

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um 25.Spilldag huet eis éischt Ekipp beim FC Schengen 2:2 gläichgespillt a bleiwt am Klassement matt elo 37 Punkten op der aachter Plaatz.
 
Iwerdeems déi Blo-Wäiss Startschwieregkeeten haten, konnt d’Lokalekipp schon no 5 Minutten a Féirung goen a krut kuerz duerno en zweete Gol wéinst Abseits oferkannt. No an no sinn d’Visiteuren besser an de Match komm an hunn sech dobei och déi eng oder aner gudd Chance erausgespillt, vun denen awer keng konnt genotzt ginn.
 
Direkt no der Paus ass dem Louis Gales (48.‘) de längst fällegen 1:1 gelongen. D’Freed war awer nëmmen vu kuerzer Dauer, well no enger Stonn stoung et 2:1 fir den FC Schengen. Eis Jongen hunn awer déi richteg Reaktioun gewisen, a nëmmen 3 Minutten méi spéit stoung de Louis Gales nees op der richteger Plaatz, fir eng zweete Kéier auszegläichen.
 
Bei weidere gudden Izeger Chancen an der Schlussphas huet de Ball leider net méi de Wee an de Gol fond. Alles an allem sinn 10 Punkten aus de leschte 4 Match e Bilan, dee sech duerchaus weise léisst.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Marques, Almeida, Jacinto, Ribeiro, Dos Reis, Falkner (46.‘ Myre), Milla (46.‘ Schroeder), Louadj, Gales, Yagremongo (78.‘ Faber)
 
Nächste Sondeg, den 28.Abrëll steet de Championnatsmatch vum 26.Spilldag géngt den Tabellenéischten vu Sandweiler um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.