Coupe: Victoire zu Beetebuerg!


04 April 2024

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Mat 3:2 gewënnt de Swift zu Beetebuerg an der 1/8-Finall vun der Coupe de Luxembourg. No Goaler vu Sinani, Stolz a Lasme louche mer eigentlech konfortabel mat 3:0 fir ier et zum Schluss no 2 Géigegoaler nach eng Kéier ebessen méi spannend ginn ass. Trotzdem ass d‘Victoire verdéngt, den 8.Abrëll ginn dann d‘Véierelsfinallen geloust!