4:1 géint d‘Fola!


10 March 2024

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Um Enn schéckt den Arbitter béid Formatiounen mat engem kloeren Resultat an d‘Kabinnen. De Swift huet déi éischt Hallschent dominéiert an ass och verdéngt duerch de Couturier a Féierung gaangen, dn 2:0 louch eigentlech an der Loft. Opwuel den Holzhauser direkt nom Upaff vun der 2.Hallschend baal getraff hätt, de Ball ass vun der Laat op d‘Mëttelinn gesprong. sinn d‘Escher motivéiert aus de Kabinne komm an hunn duerch e wonnerschéine Fräistoussgol egaliséiert. Spillentscheedend Aktioun ass dunn déi rout Kaart vum Cerqueira Martins gewiescht. An Iwwerzuel huet de Swift déi Escher dunn iwwerrannt a sou um Enn déi dräi Punkten absolut verdéngt um Holleschbierg gehalen.