DRÄI VERDÉNGTE PUNKTEN ZU SANDWEILER
23 May 2022
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Eis éischt Ekipp huet sech um leschte Spilldag beim Noper US Sandweiler matt 2:0 (0:0) duerchgesat a schléisst d’Saison am Klassement matt 38 Punkten op der 11.Plaatz of.
D’Goler fir déi Blo-Wäiss sinn eréischt an der Schlussvéirelstonn gefall. Nodeems de Fabio Martins d’Visiteuren no 77 Minutten a Féirung bruet hat, konnt eise Jugendspiller Joël Ribeiro an der 86.Minutt matt engem fulminanten Distanzschoss fir d’Entscheedung suergen.
EKIPP FC IZEG: Karray, Almeida, Kona (51.‘ Jonas), Boutarene, Jacinto, Marques, Ribeiro, Makhloufi, Faria, Martins (87.‘ Gollette), Falkner (85.‘ Dos Reis)