CS Fola Esch 2:1 FC Swift Hesper
23 September 2021
Erstallt vum Football Club Swift Hesper
Fir d'Fola gouf et eng knapp 2:1-Victoire géint Hesper. Déi Escher waren no 10 Minutten duerch e Gol vum Mustafic a Féierung gaangen, ma kuerz drop war et de Sené, deen no engem paréierten Eelefmeter awer nach op 1:1 ausgläiche konnt. An der 35. Minutt ass d'Fola dann am Numm vum Mendes eng weider Kéier a Féierung gaangen a sou stoung et no 45 Minutten 2:1 fir d'Haushären. Nom Säitewiessel si keng weider Goler méi gefall.
rtl.lu