FC Rodange 91 1:2 FC Swift Hesper
Tom Schnell beim 2:1 - Foto: Albert Krier Foto vun Albert Krier
06 March 2021
Erstallt vum Football Club Swift Hesper
Um Samstegowent stoung de Match géint Rodange um Programm. Als eigentlechen kloeren Favorit um Pobeier huet de Swift sech awer zäitweis schwéier gedo. Nodems de Francoise an der 20.Minutt fir déi zu dem Zäitpunkt net onverdéngten Féierung getraff huet, huet Rodange Drock gemaach an och hierersäits net onverdengt ausgeglach. Zum Schluss vum Match hat de Swift wuel méi Chancen, d`Lokalekipp huet awer och duerchaus fir Gefor gesuegt. Um Enn konnt den Tom Schnell an der 86.Minutt d`Victoire mam 2:1 kloer maachen. 3 weider ganz wichteg Punkten am Kapf em eng Platz um Podium!