DE JIMMY CILLIEN STELLT SECH VIR
06 December 2020
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.
Haut op Niklosdag gi mir méi vum Jimmy Cillien gewuer.
FUSSBALL
- Mäin Alter: 21 Joer
- Meng Positioun: Mëttelfeld/Verteideger
- Meng Gréisst: 1,80 Meter
- Mäi Spëtznumm: Jimmy Neutron
- Meng Veräiner bis elo: Mondorf, Hesper, Izeg
- Zu Izeg säit: Saison 2019/20
- Mäi beschte Match bis elo: ass um Trainer ze entscheeden
- Mäi beschte Géigespiller: hu keng Zäit, fir d'Nimm vu menge Géigner ze léieren
- Meng schlëmmsten Verletzung: Spronggelenk iwerdeent
- Mäi Virbild an der Jugend: Lionel Messi
- Mäi Lieblingsclub: FC Bayern München
PRIVAT
- Mäi Beruff: /
- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Filmer kucken, Playstation
- Mäi Liewensmotto: Hakuna matata
- Wouriwwer ech mech freeën kann: e gewonnene Match
- Ween ech gär géif kenneléieren: Michael Jordan, Kobe Bryant, Muhammad Ali
- Wou ech gär géif liewen: Boston, San Francisco
- Mäi Lieblingsiessen: Pizza, Hamburger
- Mäi Lieblingsgedrénks: Fanta, Cola, Heineken, Battin
- Mäi Lieblingsmuseker: Queen, Guns n' Roses, Rolling Stones, Aerosmith, Dire Straits, Tupac, Notorious B.I.G.
- Mäi Lieblingslidd: Don't Worry, Be Happy
- Mäi Lieblingsschauspiller: Leonardo di Caprio
- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: The Dark Knight, Breaking Bad