Dammen: Stage am Éisleck
02 September 2019
Erstallt vum Football Club Swift Hesper
Eis Dammen-Equipe huet dese Weekend e flotten Stage am Norden vum Land verbruecht. Stoungen um Samsten bei schéinstem Wieder nach Aktivitéiten um Stauséi um Programm, sou war et um Sonnden en Testmatch géint Wentger bei dem eis Dammen gefuerdert waren. De Match konnt mat enger 6:4 Victoire oofgeschloss ginn. Getraff hun d'Morgane (x4), d'Vanessa (x1) an d'Maria (X1).