VICTOIRE ZU TÉITENG
15th October 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum UK

Eis éischt Ekipp huet den éischten Tour an der Coupe FLF erfollegräich iwerstaan. Bei der Union Käl-Téiteng gouf et eng 2:0-Victoire, nodeem déi Blo-Wäiss matt enger 1:0-Féirung an d’Paus gaang waren.
No 20 Minutten waren eis Jongen duerch en Elefmeter vum Chani Westermann a Féirung gaang, ier den Noé Rischard kuerz viru Schluss den Deckel dropgemaach huet (81.‘).
E Sondeg, den 18.Oktober geet et am Championnat weider matt engem Heemmatch géngt Mutfert. Ustouss zu Izeg um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.
