KENG PUNKTEN ZU MÄREL
11th October 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Um siewente Spilldag huet eis éischt Ekipp zu Märel hir éischt Auswäertsnidderlag zënter dem 4.Dezember 2025 missen astiechen.
No 90 Minutten stoung et 3:2 fir de Red Star, deen an der 21.’, 37.’ an 46.Minutt getraff huet. Zwee Goler vum Chani Westermann (29.‘ an 90+3.‘) sinn net duergaang, fir op mannst ee Punkt matt heem ze huelen.
Schon e Mëttwoch, de 14.Oktober ëm 20 Auer steet zu Téiteng den éischten Tour an der Coupe FLF um Programm, wou déi Blo-Wäiss gént den Zweetdivisionär Union Käl-Téiteng untrieden.
Nächste Sondeg, den 18.Oktober geet et am Championnat weider matt engem Heemmatch géngt Mutfert. Ustouss zu Izeg um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.
