COUPE JEAN HAAN ZU IZEG
22nd July 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Fir den Optakt vun der neier Saison gëtt dëst Joer zu Izeg d'Coupe Jean Haan ausgespillt.
Als laangjähregen President (vun 1969 bis 1991) a spéideren Éirepresident huet den "Hunne Jängi" d'Geschicht vum Izeger Futtball entscheedend mattgeprägt.
Dem Jängi, deen eis viru 5 Joer leider fir ëmmer verlooss huet, zu Éiren trieden vum 6. bis den 9.August Beggen, Gasperech, Weiler an d'Lokalekipp am Kader vum 85.Anniversaire vum FC Blo-Wäiss zu Izeg un.
+++ Programm am Iwerbléck +++
Donneschdeg 6.August:
Izeg - Gasperech (20 Auer, synthetëschen Terrain)
Freideg 7.August:
Weiler - Beggen (20 Auer, synthetëschen Terrain)
Sondeg, 9.August:
Match fir d'Plaatzen 3 a 4 (16 Auer, Stade Albert Kongs)
Finall (18 Auer, Stade Albert Kongs)
