JOHANN BOURGADEL NEIEN TRAINER VUN DER ÉISCHTER EKIPP
28th June 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum WWW

Den FC Blo-Wäiss Izeg deelt matt, dass vum 1.Juli 2026 un mam Johann Bourgadel en neien Trainer an der Responsabilitéit vun eiser éischter Ekipp steet an domatt de Benny Reiter ofléist.
Dem Johann, deen bis elo als Directeur sportif um Stade Albert Kongs am Asaatz war, wënsche mir bonne Chance an senger neier Fonktioun. Als Co-Trainer steet weiderhin de José Loureiro zur Verfügung, Golkippstrainer bleiwt den Théo Zender.
Dem Benny soë mir elo schonn op dëser Plaatz villmols merci fir seng Arbecht, déi dozou gefouert huet, dass eis éischt Ekipp eng staark Saison op enger formidabler drëtter Plaatz am zweete Bezirk vun der éischter Divisioun ofgeschloss huet.
