ZWEET PLAATZ FIR WWW.FCIZEG.LU


10 March 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Am Kader vum FuPa-Sondage fir d'Ermëttlung vum beschten Internetsite am 2.Bezirk vun der 1.Divisioun ass eis Homepage www.fcizeg.lu matt 138 Stëmmen (28,5%) op der zweeter Plaatz hannert dem Gewënner Union Réimech/Bus (187) geland.

Verglach matt dene Bezirker, wou virdrun och schonn ofgestëmmt gouf, sti mir momentan och landeswäit virun de Gewënner FC Wolz 71 (BGL Ligue - 47 Stëmmen), FC Mamer 32 (Éirepromotioun - 107) an dem Sporting Mäerzeg (1.Divisioun 1.Bezirk - 128) op der zweeter Plaatz.

En décke MERCI u jiddfereen, dee beim Sondage mattgemaach, an dem FC Blo-Wäiss Izeg matt senger Stëmm gehollef huet!