ZWEE MATCHER, SECHS PUNKTEN


26 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fir eis zwou Dammenekippen war et en erfollegräichen Owend an hirem Duebelvergläich mam SC Beetebuerg.
 
D'Entente Izeg/Cebra konnt sech um fënnefte Spilldag an der Ligue 1 matt 4:0 duerchsetzen, an der Paus stoung et 2:0. D'Goler fir d'Ekipp vum Bruno Monteiro hunn d'Aurélie Clerc (13.' an 68.'), d'Sania Amalou (18.') an d'Marine Alamai (65.') geschoss.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Boutellaka, K.Noesen, Pedrosa, Goncalves (46.' Kieffer), Borges, Morgado, L.Noesen (65.' Jessica Lopes), Alami, Amalou (65.' Soares), Clerc
 
Nächste Samschdeg, den 2.Oktober ëm 19 Auer steet en Auswäertsmatch zu Bartreng um Programm.
 
Fir eis zweet Ekipp gouf et um drëtte Spilldag an der Ligue 2 en 3:0-Succès géngt Beetebuerg II. D'Goler ginn op de Kont vum Rafaela Lopes, Tessy Gilles an Julie Silva.
 
EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Weis, Silva, Nilles, R.Lopes, De Jesus, Maroteaux (36.' Mendes), Gilles, Ferring (50.' Gregorius), Schmid
 
Den nächste Match vun der Entente Cebra/Izeg II ass e Samschdeg, den 2.Oktober bei der Union Mertert/Waasserbëlleg. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Mertert.
 
#ICC