You'll never walk alone CUP


27 December 2017

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

D’Dammen woren ee Samsdeg 16.12.2017 um Tournoi zu Jonglënster vertrueden.

Dësen Tournoi, organiséiert vum FC Jeunesse Junglinster Dames, hat den Zweck eng vun hire Spillerinnen, dem ROSE SETTANNI, dat schwéier erkrankt ass, ze hëllefen an z’ënnerstëtzen.
Mir si frou datt mir invitéiert goufen a sinn natiirlech ugetrueden fir domaaden dësen Projet  z’ënnerstëtzen.
Mir wënschen dem Rose nach alles Guddes a vill Kraaft op sengem schwéiere Wee a mir hoffen a wënschen him datt hat erëm sou schnell wie méiglech ganz Gesond gëtt.

@Rose... DEFINITLY... YOU’LL NEVER WALK ALONE!!

Fotoen fann dir an der Galerie hei um Site oder op Facebook bei "Dammefussball zu Lëtzebuerg".

D'Fotoen goufen gemat vum Albert KRIER