Victoire géint Zolwer!


20 January 2019

HESPER VERÄINER

Créé par Telstar Hesperange

Um Sonndeg Owend gewannen eis Hären 86:75 zu Zolwer!
Nächsten Samschdeg spillen si um 20:30 um Holleschbierg géint Mamer. Bei enger Victoire geet et secher duer vir ënnert déi éischt 4 ze kommen an domat an d‘Poule Maintien Total League, wou déi éischt 4 aus der Nationale 2 an déi läscht 4 aus der Total League géinteneen spillen. No Hin- an Réckronn steigen dann déi 2 bescht Nationale 2 Equippen an d‘Total League an déi 2 läscht Equippen aus der Total League falen an d‘Nationale 2.
Kommt also nächsten Samschdeg bis laanscht op den Holleschbierg an ënnerstëtzt mat ons zesummen eis Hären fir dass si déi zweet Kéier an der Veräinsgeschicht dësen Exploit areechen.