VERDENGTEND GLÄICHSPILL


31 August 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis zweet Ekipp huet an engem ofwiesslungsräichen Trainingsmatch zu Weiler 2:2 gläichgespillt.

De Louis Lamesch hat déi Blo-Wäiss fréi a Féirung bruet (13.'), d'Yellow Boys konnten nëmmen 11 Minutte méi spéit ausgläichen. Matt engem 1:1 ass et dunn och an d'Paus gaang.

Och an der zweeter Halschend hunn sech béid Ekippen näischt geschenkt. Et sollt allerdengs bis an d'Nospillzäit daueren, ier Weiler den 2:1 markéiere konnt (90+2.'). D'Visiteuren wollten sech domatt awer net offannen. Per Elefmeter (90+4.') huet de William Dias Fortes schlussendlech nach fir de verdéngten 2:2 gesuergt.

EKIPP FC IZEG: Sprunck, Rohen, Kratz, Lopes Andrade, Ribeiro Simoes, Rust, Rodrigues, J.Cillien, Ziebart, Lamesch, Simoes Gomes, Da Cruz Fortes, Carolei, Dias Fortes, Demukaj, Romano