VERDÉNGTE PUNKT AN DER NOSPILLZÄIT


30 August 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis éischt Ekipp huet um zweete Spilldag beim FC Red Black Égalité a leschter Sekonn 2:2 gläichgespillt.
 
Schonn no 6 Minutten waren déi Blo-Wäiss duerch de Petar Perkovic a Féirung gaang - e knappe Virsprong, deen och an der Paus bestand hat.
 
An der zweeter Halbzeit hunn eis Jongen sech vun der Hektik ustieche gelooss an no 59 Minutten den Ausgläich kasséiert. Nodeem d'Lokalekipp kuerz duerno en Elefmeter verschoss hat, stoung et eng Véirelstonn viru Schluss dunn awer 2:1 fir den Dall.
 
Wéi de Filipe Almeida op Izeger Säit déi giel-rout Kaart gewise krut, huet et net méi allzegudd fir d'Visiteuren ausgesinn. Trotzdem hunn d'Spiller vum Trainer Paulo Moura och an Ënnerzuel zu kengem Moment opginn a koumen an der 5.Minutt vun der Nospillzäit duerch de Yan Falkner awer nach zum verdéngten 2:2-Ausgläich.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, B.Marques, Tacchi, Boutarene, Dos Reis (62.' Jacinto), H.Mehanovic (75.' Sabotic), Matteagi (46.' Gollette), Perkovic, Costa, Falkner
 
Nächste Sondeg, de 5.September steet ëm 16 Auer en Heemmatch géngt den CS Uewerkuer um Programm.
 
#fci1941
#nevergiveup