US Esch 2:1 FC Swift Hesper


01 October 2019

HESPER VERÄINER

Créé par Football Club Swift Hesper

Eng batter Néierlag, d'Resultat vun 4 Minutten Blackout an 90 Minutten starken Asatz. Nom wuel schnellsten Goal vum Joer (13 Sekonnen no Unstouss) an engem quasi direkt duerno weideren Goal (4.Minutt) huet d' Equipe de Recht vum Match alles ginn fir d'Spill ze dréien. Wann um Terrain och eng kloer Dominanz vun Hesper ze gesinn war, sou huet et virum Goal oft un der néideger Präzisioun gefehlt. D'US Esch huet verteidegt an op Konter-méigelegkeeten gelauert, sou dat sie am Laaf vum Match och emmer erem geféierlech firum Enzo Esposito sengem Goal opgetaucht sinn, geléngen sollt hinnen awer och keen Goal méi. Direkt no der Halbzäit konnt de Swift durch den Omar Er Rafik op 2:1 verkierzen, méi sollt awer net méi gelengen. Déi 1. Néierlag vun der Saison fällt domat denkbar onglécklech aus.