Transfer: Pierre-Noah Mabika


01 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Mam Pierre Noah Mabika kënnt en 19-Joer jonken Offensivspiller, en eemolegen lëtzebuergeschen Nationalspiller an Jugendspiller vum Swift zeréck Heem op den Holleschbierg! De Pierre huet an der Saison 2018/2019 de Sprong vun eiser U17-Ekipp bei den FC Porto gepackt, wou en an der U17 an an der U19 gespillt huet. Duerno huet en beim Futebol Clube Vizela an der U19 gespillt an ass dun a Richtung Spuenien gewiesselt wou en an der U19 vum UD Almería gespillt huet. Elo kennt en Heem op den Holleschbierg!

Häerzlech Wëllkomm zereck!