Transfer: Kevin Malget


13 May 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Den 29-järegen Kevn Malget, gebierteg vu Wolz, stéisst vum belschen 2.Ligist RE Virton op den Hesper Holleschbierg. Den routinéierten Ofwierspiller huet seng Karriär zu Ettelbréck ugefaang ier en 2010 an der 2.Equipe vun der Alemania Aachen gespillt huet. Vun 2011 bis 2019 huet de Kevin fir den F91 Diddeleng gespillt. Säit 2010 gehéiert hien zum Kader vun eiser Hären-Nationalequipe.
Häerzlech Wëllkomm, Kevin!