Transfer: Kenan Avdusinovic


15 May 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

En Transfer den am Hierzen eigentlech keen ass. No zwee Joer zu Péiteng an zu Déifferdeng kënnt de Kenan Avdusionic zeréck op den Holleschbierg. Ausgebilt an de Jugendequippen vun Hueschtert an Hesper huet hien an der Saison 2015/2016 de Wee an eis éischt Equipe fonnt, ier en duerch eng schwéier Blessur wärend engem Match längerfristeg ausgefall ass. Nodeems hie sech dovun erholl hat, huet hien säin Gléck am Süden vum Land gesicht, elo féiert de Wee vum jonke Stiermer erëm zeréck bei de Swift. Häerzlech Wëllkomm zeréck, Kenan!