Trainer 2020/2021: Jeff Strasser


19 May 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Mam Jeff Strasser kënnt e ganz bekannten a renomméierten Trainer op den Holleschbierg an iwwerhëllt domat de Veräin vum Dan Theis. De 45 Joer ale Lëtzebuerger huet a senger laanger Karriär als Fussballspiller an Trainer eng etlech Statiounen hannert sech. Als Spiller huet hien net just ënnert anerem zu Metz, beim 1.FC Kaiserslautern, der Borussia Mönchengladbach, zu Stroossbuerg an zu Zürech international Erfarung gesammelt, mee och ganzer 98 Lännermatcher fir Lëtzebuerg gespillt. Nodeems hien 2012 seng aktiv Karriär um Spillfeld bei der CS Fola opgehal huet an als Trainer weider gemaach huet, huet hien 2017-2018 den 1.FC Kaiserslautern trainéiert éier hien zeréck bei d'Fola gaangen ass. E ganz erfuerenen Trainer den säin Wëssen vun der Saison 2020/2021 um Hesper Holleschbierg asetzen wäert an de Projet Swift weider no fir bréngen dierft! 
Häerzlech Wëllkomm Jeff, an en grousse Merci un den Dan Theis fir seng Arbescht d'läscht Saison!