TIRAGE COUPES JEUNES - TOUR PRELIMINAIRE


19 August 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

D'Auslousung vum Tour préliminaire an denen eenzelne Coupe-Kompetitiounen fir Jugendekippen, deen den zweete Weekend am September ausgedroë gëtt, huet erginn, dass nëmmen eis Scolaires wäerten am Asaatz sinn.

Iwerdeems souwuel d'Izeger Poussins, Minimes a Cadets, wéi och d'Junioren vun der Entente Hesper/Izeg an der Virronn spillfräi sinn, mussen eis Scolaires samschdes, den 12.September zu Steesel untrieden.