TDJ 2023 - MIR SINN KOMPLETT


15 January 2023

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Nodeem Weiler matt enger weiderer Ekipp bei de Bambinis un eisem Turnéier deelhëlt, ass d'Starterfeld vum Tournoi des Jeunes 2023 elo komplett. Dem FC Yellow Boys Weiler dofir en décke Merci!
 
64 Ekippen an de Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes wäerten deemno den 10. an 11.Juni um Stade Albert Kongs zu Izeg am Asaatz sinn.