SV Elversberg 4:2 FC Swift Hesper

Foto: SV 07 Elversberg Foto vun SV 07 Elversberg



14 July 2019

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Um Samsten stoungen direkt zwee Testmatcher um Programm. Um 16:00 Auer huet de Swift zu Wadern (D) géint den däitschen Regionalligist vun Elversberg gespillt. De Match huet denkbar schlecht ungefang, no net emol 20 Minutten loungen d'Gäscht vum Holleschbierg mat 0:3 hannen. Mat dem Resultat ass et dun och an d'Paus gang. An den zweeten 45 Minutten huet sech de Swift ganz aanecht presentéiert. Zwar ass direkt nom Upaff vun der zweeter Hallschend den 4:0 gefall, Hesper huet de Favorit aus Däitschland trotzdem enner Drock gesaat, a kuerz drop op 4:1 verkierzt. Nemmen epuer Minutten drop hätt duerch en 11m kennen weider verkierzt ginn, de Goalkeeper vun Elversberg konnt dese Schoss awer paréieren. No 65 Minutten ass dun awer de 4:2 gefall, an Hesper huet bis zur läschter Minutt gekämpft. Den fällegen 4:3 sollt dun awer net méi faalen.

Fotoen vum Match um Facebook vum SV Elversberg
 
Um 18:00 huet de Swift doheem géint d'Academie Seth aus der Belge gespillt. Hei goung et mat engem 1:1 op en Enn.
 
Den nächsten Match ass e Mettwoch doheem géint Hueschtert um Programm.