SPÉIT NIDDERLAG ZU BARTRENG
24 October 2021
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
No zwou Victoiren hannerteneen gouf et haut fir eis éischt Ekipp zu Bartreng keng Punkten. Um Enn stoung et 2:1 fir d'Lokalekipp, déi no engem Gol an der 27.Minutt matt engem 1:0-Virsprong an d'Paus gaang war.
Wéi de Michaël Gollette no 67 Minutten duerch en Elefmeter den Ausgläich markéieren konnt, huet et kuerzzäiteg duerno ausgesinn, wéi wann déi Blo-Wäiss kënnten e Punkt matt heem huelen. Den zweete Bartrenger Gol (82.') sollt awer leider e Stréch duerch d'Rechnung maachen.
EKIPP FC IZEG: Guerra, Y.Cillien, Jacinto, Almeida, B.Marques, Dos Reis, Martins (46.' Costa), H.Mehanovic, Goncalves, Gollette, Makhloufi
E Sondeg, de 7.November ëm 16 Auer steet den nächste Championnatsmatch zu Izeg géngt d'Luna vun Uewerkuer um Programm.
#fci1941