SOUVILL PUNKTE WÉI MÉIGLECH SAMMELEN

SOUVILL PUNKTE WÉI MÉIGLECH SAMMELEN

Matt 15 vun 18 méigleche Punkten steet eis éischt Ekipp momentan un der Tabellespëtzt vum zweete Bezirk an der éischter Divisioun. Direkt nom Opstieg haten nach net mol déi gréissten Optimisten matt sou engem Start gerechent. Nodeem bis elo 20% vun am Ganzen 30 Championnatsmatcher gespillt sinn, fällt dem Izeger Trainer Paulo Moura säi Bilan dementspriechend positiv aus.

„Mir hätten eis dat net esou erwaart, zumols wann ee bedenkt, géngt wéi eng Géigner mir gespillt hunn.“ Ënner anerem konnten sech déi Blo-Wäiss zu Beggen, géngt Wuermer a géngt Gréiwemaacher duerchsetzen, déi matt méi héijen Ambitiounen an d’Saison eragaang waren, wéi d‘Tabell et momentan ausseet.

Iwerdeems kuckt den Trainer no vir. „Mir sinn all zefridden, well déi Punkten hu mir. Elo komme ganz wichteg Matcher. Mir mussen eise Fussball erëm spillen, well mir haten och Chance an dene verschiddene Matcher, dat muss een och soen. De Fussballgott war op eiser Säit“, schätzt de Paulo Moura d’Situatioun realistësch an. „Ech wees, wat an deem Grupp dran ass, an d'Jonge wëllen, well Vertrauen op béide Säiten do ass. Natirlech ass alles méi einfach, wannste gewënns. Mee d'Jonge schaffen dofir, an dat mecht mech stolz op si.“

Matt dene gesammelte Punkten huet d'Ekipp elo schonn e gudden Deel vun deem erreecht, wat néideg ass, fir d‘Haaptziel vun der Saison, de Maintien, ze erreechen. Wéini gesäit den Trainer de Moment, wou een sech vläit aner Zieler kann setzen? „Ziel bleift de Maintien, a fir de Rescht kucke mir vu Match zu Match. Am Dezember kucke mir, wou mir stinn, an dann kënne mir d'Zieler nei definéieren. En tout cas ass d'Ziel, an der éischter Ronn esou vill Punkten ze kréien wéi méiglech“, sou de Paulo Moura.

Well et op mannst genau sou schwéier ass, fir un der Spëtzt ze bleiwen wéi dohinn ze kommen, wëllt d’Ekipp och dësen Challenge unhuelen. „Elo wou mir uewe sinn, wëlle mir esou laang et geet, uewe bleiwen, an d'Jonge si motiveiert.“

Déi nächst Geléenheet, weider Punkten ze sammelen, ass dëse Sondeg, de 4.Oktober ëm 16.00 Auer zu Réimech.

Och an der Coupe haat eis Ekipp den éischten Tour zu Lëntgen gudd iwerstaan. No engem 2:1-Erfolleg no Verlängerung kënnt mam Swift Hesper elo e ganz anere Kaliber op déi Blo-Wäiss duer. „Wat de Match géngt Hesper ugeet, ass dat nach wäit, mee d'Jongen wësse, wat fir ee Brocken dat ass. Trotzdem wäerte mir eis net esou einfach erginn“, gleewt de Paulo Moura un seng Spiller. „Ech wees och, dass enorm Potenzial an der Ekipp ass, a mir wäerte matt vill Häerz an Disziplin probéieren, fir den Izeger Veräin do gudd ze representéieren, fir all de Leit merci ze soen, déi eis esou ennerstëtzen.“