Schnupperprouf bei der Fanfare Izeg

Schnupperprouf bei der Fanfare Izeg

D'Izeger Musek invitéiert den 12. Juli um 19:30 Auer op hir Schnupperprouf an de Museksall zu Izeg.

Dëst ass eng gutt Geleeënheet fir bei der Fanfare Izeg eran ze luussen. Jiddereen, deen een Instrument spillt, op jonk oder al, kann hei matspillen a sech e Bild vum Veräin an senge Membere maachen. Am Fall, wou een sech hei wuel fillt, kann een dann am Hierscht, wann déi nei Saison uleeft matspillen.

Hutt Dir nach Froen, da kontaktéiert ons Dirigentin, d'Lynn Mohr oder de Sekretär Marc Kruchten.

All Kontakt-Adressen an Informatioune gëtt et op http://fanfizeg.org/