Racing FC Union Lëtzebuerg 0:2 FC Swift Hesper


20 March 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Hesper huet besser an de Match fonnt a konnt sech no enger Zäit och déi eng oder aner Chance erausspillen. Déi bescht Chance hat de Malget no ronn 20 Minutten, wéi hien de Ball no engem Fräistouss vum Stolz mam Kapp knapps iwwert de Gol geschoss huet. D'Partie huet sech ëmmer méi ausgegeglach a virun allem d'Golkipper hunn op béide Säiten eng gutt Leeschtung gewisen. Mat engem 0:0 ass et an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent ass der Ekipp vun Hesper dann awer den éischte Gol gelongen. An der 54. Minutt konnt sech de Melisse op der Säit duerchsetzen, seng Flank huet an der Mëtt den Abdallah fonnt, deen d'Chance äiskal genotzt huet. Hesper war weider um Drécker a mam 2:0 an der 72. Minutt war de Match da sou gutt wéi entscheet. De Stolz stoung no enger Flank vum Francoise op der richteger Plaz a sou konnt hie mam Kapp erhéijen. An der Schlussphas huet ee gemierkt, dass de Racing nach net opginnn huet a sou war d'Lokalekipp kuerz virdrun den 1:2 ze schéissen. Um Enn sollt dat awer net méi geléngen a sou hëllt Hesper déi dräi Punkte mat Heem.


Artikel: rtl.lu