PERFEKTEN OWEND
Um zweete Spilldag an der Ligue 1 konnt eis éischt Dammenekipp sech matt 7:0 (3:0) beim Opsteiger Bartreng duerchsetzen. D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn Amal Cherkane (3), Sara Borges (2), Mara Durabile an Graziela Souza geschoss.
Dobei ass dem Amal Cherkane nëmmen fënnef Minutten no senger Awiesslung tëschent der 61. an der 90+2. Minutt en Hattrick gelongen. Mam Maximum vu sechs Punkten aus zwee Matcher steet d'Ekipp vum Laurent Erlinger momentan op der zweeter Tabelleplaatz, punktgläich mam Leader Jonglënster.
En erfollegräichen Owend war et och fir d'Entente Cebra/Izeg II, déi hiren Auswäertsmatch zu Veianen matt 3:2 fir sech entscheed huet. Duerch dëse Succès klammen eis Meedercher am Klassement vun der Ligue 2 op déi véiert Plaatz.
F.C. Blo-Wäiss Izeg