OPTIMALEN OWEND


17 October 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fir eis Dammen war et e perfekten Weekend. Béid Ekippen konnten um Samschtegowend hir Championnatsmatcher gewannen an sech doduerch an hire jeweilegen Klassementer uewen festsetzen.

D'Entente Izeg/Cebra I hat just an den Ufanksminutten Problemer, zu Hesper an de Match ze kommen. No engem fréie Réckstand konnten d'Spillerinnen vum Trainer Laurent Erlinger awer séier fir kloer Verhältnësser suergen. Bannent sechs Minutten hunn Solange Leite Fonseca a Lisa Noesen (2) eis Meedercher nach virun der Paus matt 3:1 a Féirung bruet. Nom Säitewiessel huet nach eemol d'Lisa Noesen souwéi Sania Amalou (2) fir den däitlechen 6:1-Erfolleg um Hollëschbierg gesuergt.
 
Och fir eis zweet Ekipp war et géngt den Opsteiger Käerjéng e gelongenen Owend. An der 25.Minutt ass d'Entente Cebra/Izeg II duerch d'Asha Alves a Féirung gaang. An der zweeter Halbzeit hat Käerjéng zwar méi vum Match, mee um Enn hunn eis Meedercher mam Jenny Lopes sengem 2:0 an der Nospillzäit den Deckel dropgemaach an d'Punkten zu Izeg behaal.