Ofschloss vun der Ausbildung 2021 fir Baby-Sitter an der Gemeng Hesper

Foto vun Stefano Polignano



06 December 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Babysitting an der Gemeng Hesper

Den 20. November huet de "Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l."  fir d'Gemeng Hesper eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert. 7 nei Baby-Sitter goufen forméiert an kruten den Emgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Sëcherheet, Organisatioun an soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht. Um Enn vum Dag konnte mir alle Kandidaten en Diplom als Baby-Sitter iwwerreechen. Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht. Wann dir e Baby-Sitter braucht, da kënnt dir Iech bei eis mellen.