NIDDERLAG ZU WUERMER


13 March 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um leschte Spilldag vun der Virronn vum Championnat huet eis éischt Dammenekipp bei der Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher matt 1:3 de Kierzere gezunn.

Schonn an der Paus stoung et 3:0 fir d'Lokalekipp. Eréischt kuerz viru Schluss huet d'Sara Borges vun engem Elefmeter profitéiert, fir den Éiregol fir d'Entente Izeg/Cebra ze markéieren. Am Klassement falen eis Meedercher duerch dës Nidderlag op déi 6.Plaatz zréck.

Nächste Weekend ass d'Ekipp vum Trainer Laurent Erlinger spillfräi. Nom Réckzuch vun Nidderkuer aus dem Championnat gëtt de Match vum 14.Spilldag géngt de Progrès matt 3:0 fir d'Entente Izeg/Cebra gewäert.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Pedrosa, Goncalves, Kieffer, K.Noesen, Morgado (70.' Kettel), Borges, Santos, L.Noesen, Amalou (46.' Franc), Cherkane 

-----------------------------------------------------------------------

Lors de la dernière journée des matchs aller du championnat, notre première équipe féminine s'est inclinée à l'Entente Wormeldange/Munsbach/Grevenmacher sur le score de 1:3.

Les hôtes menaient déjà 3:0 à la pause. Peu de temps avant la fin, Sara Borges a profité d'un penalty pour marquer le but d'honneur de l'Entente Izeg/Cebra. Au classement, nos filles tombent à la 6ième place à cause de cette défaite.

Le weekend prochain, l'équipe de l'entraîneur Laurent Erlinger sera libre. Après le retrait du Progrès Niederkorn du championnat, le match de la 14ième journée sera remporté avec 3:0 (forfait) par Entente Izeg/Cebra.