NIDDERLAG ZU SUESSEM


25 September 2022

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis éischt Ekipp huet um sechste Spilldag zu Suessem matt 1:3 (1:1) de Kierzere gezunn.

Dobei hat et gudd ugefaang, wéi den Erik Perrey déi Blo-Wäiss an der 23.Minutt a Féirung bruet hat. Suessem konnt awer kuerz duerno ausgläichen (31.‘), a matt zwee weidere Goler no der Paus (47.‘ an 73.‘) déi éischt Victoire fir dës Saison perfekt maachen.


EKIPP FC IZEG:
Chenard, Lima, Wagener (68.‘
Marques), Falkner, Dos Reis, Myre, Perrey (78.‘ Zaton), Faria, Sebaa (74.‘ Maury), Goncalves, Gollette