NIDDERLAG GÉNGT BEETEBUERG


24 April 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um Enn vun enger ustrengender englëscher Woch huet eis éischt Dammenekipp géngt Beetebuerg matt 0:2 de Kierzere gezunn. An hirem drëtte Match an aacht Deeg huet d'Entente Izeg/Cebra géngt den Tabellendrëtten matt vill Asaatz dogéngt gehal.

Nodems d'Lucie Schlimé säi Gol méi wéi eng Stonn laang konnt propper halen, ass Beetebuerg an der 64.Minutt a Féirung gaang. Kuerz virdrun haten Gäscht nach Chance, wéi e Wäitschoss vum Lisa Noesen nëmmen knapp säin Ziel verfeelt hat.

Eis Meedercher hunn besonnësch an der Schlussphas ëmmer méi couragéiert no vir gespillt, d'Entscheedung ass awer leider op der anerer Säit gefall, wéi Beetebuerg an der 85.Minutt den decisiven zweete Gol gelongen ass.

Nächste Samschdeg, den 1.Mee geet et weider matt engem Auswäertsmatch op der Fola. Gespillt gëtt zu Esch/Lalleng, Ustouss ass ëm 19h00.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Kettel (68.' Sousa), Graas (55.' Borges), L.Noesen, Pedrosa, Kieffer, Santos, Cherkane (73.' Reinertz)