Merci Tom, Merci Louis!


16 June 2022

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Telstar Hesperange

Och den Tom Donnersbach an de Louis Kohn hunn bekannt ginn, dass Sie d'nächst Saison net méi fir den Telstar spillen. Während den Tom sech dozou entschloss huet d'Basketsschong un den Nol ze hänken, wiesselt den Louis zeréck op Hieffenech.
Mir soen och hinnen zwee e groussen Merci fir hieren Asatz an deenen leschten Joeren an déi vill flott Matcher a Momenter déi mir mat hinnen zwee konnten erliewen. Fir hier perséinlech a sportlech Zukunft wënschen mir hinnen nëmmen dat Bescht! 
Eemol Telstar, ëmmer Telstar!!