MATT ENGEM BLOEN A DOVUKOMM

MATT ENGEM BLOEN A DOVUKOMM

It's not over till it's over - et ass net eriwwer, bis et eriwwer ass! Duerch e Gol an de Schlusssekonnen konnt eis éischt Ekipp um 8.Spilldag géngt Menster am leschte Moment nach e Punkt retten.

An der véierter Minutt vun der Nospillzäit huet de Yannick Goncalves virum géignerësche Gol d'Nerven an d'Iwersiicht behalen, fir den 1:1 ze markéieren an déi éischt Heemnidderlag vun der Saison ze verhënneren. Géngt eng physësch staark Menster Ekipp, déi matt alle Mëttelen hire Virsprong verdeedegt huet, haten eis Jongen et net einfach. Obwuel et um Enn net méi sou ausgesinn hat, wéi wann den Ausgläich nach kënnt falen, hunn dem Trainer Paulo Moura seng Spiller zu kengem Moment opginn.

Schonn no sechs Minutten waren d'Visiteuren a Féirung gaang an hunn et duerno laang Zäit fäerdegbruet, kaum Izeger Chancen zouzeloossen. An enger hektëscher Schlussphas war den FC Syra e puermol dem zweete Gol ganz no komm, huet et awer verpasst, de Sak zouzemaan. Dëst gouf um Enn bestrooft, wéi der Lokalekipp e bëssen onerwaart nach de Lucky Punch gegléckt ass.

Am Klassement bleiwen déi Blo-Wäiss weiderhin op der éischter Plaatz vum 2.Bezirk an der 1.Divisioun. Schonn e Mëttwoch, de 14.Oktober geet et am Tour préliminaire vun der Coupe FLF weider matt engem Auswäertsmatch beim Zweetdivisionär Rammerech. Nëmmen zwee Deeg méi spéit steet den zweeten Tour an der Coupe de Luxembourg um Programm, wou de Géigner Hesper heescht.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Falkner (46.' Costa), Y.Cillien, Mehanovic, Boutarene, Perkovic (32.' Gollette), Goncalves, Kitenge, Tacchi, Maury, Schanet (58.' F.Makhloufi)