MATT DE FÉISS UM BUEDEM BLEIWEN


16 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

No enger perfekter englëscher Woch matt dräi gewonnene Matcher an aacht Deeg kënnt d’Stëmmung ronderëm de Stade Albert Kongs zu Izeg momentan net besser sinn. Dass eis éischt Ekipp nom drëtte Spilldag mam Maximum vun de Punkten un der Tabellespëtzt steet, domatt hat och eisen Trainer Paulo Moura net onbedéngt gerechent. "Also ech hat ganz éierlech gehofft, no dräi Matcher matt 6 Punkten do ze stoen, well et wichteg ass, e gudde Start ze hunn."

No engem haart erkämpften 3:1-Succès géngt Walfer sinn déi Blo-Wäiss matt enger ganzer Rei Changementer am Kader an der Coupe de Luxembourg zu Lëntgen ugetrueden. An och do konnten eis Jongen sech no Verlängerung matt 2:1 duerchsetzen. Matt deem selwechte Resultat konnt d’Woch leschte Sondeg zu Beggen ofgeschloss ginn. Och hei goufen de Supporteren hir Nerven op eng haart Prouf gestallt, dem Rachid Boutarene säi Last-Minute-Gol huet um Enn awer fir alles entschiedegt.

"No sou enger Woch matt der Coupe de Luxembourg an duerno Beggen hunn d’Jongen gesinn, dass mir vill kënnen erreechen, wann de Wëllen do ass a wa mir als Grupp zesummenhalen", sou de Paulo Moura. Iwerdeems suergt de Coach dofir, dass seng Spiller den Horizont net verléieren. "Mir musse matt de Féiss um Buedem bleiwen, dat ass ganz wichteg. Nächste Sondeg géngt Wuermer ass nees ganz wichteg, a mir musse weider vu Match zu Match kucken."

Wat den Erfolleg an der Coupe zu Lëntgen wäert war, huet e puer Deeg duerno d’Auslousung gewisen. Fir den zweeten Tour krut den FC Blo-Wäiss den Noper vun Hesper zougeloust. De Swift gëlt dës Saison an der BGL Ligue als ee vun de Favoriten op de Champions-Titel, deemno kënnt eng schwéier Aufgab op eis Ekipp duer.

"Virun der Auslousung hate mir am Witz gesot „virwat net Hesper?“ an elo heescht de Géigner tatsächlech Hesper! D’Jongen sinn all motivéiert, mee mir wëssen, dass et e Kampf David géngt Goliath gëtt. Mee wie wees, wa mir e perfekten Dag erwëschen…" Affaire à suivre!