MATCHDAY: RAMMERECH - IZEG

MATCHDAY: RAMMERECH - IZEG

Haut den Owend trëtt eis éischt Ekipp am Tour préliminaire vun der Coupe FLF bei der US Rammerech un.

D'Lokalekipp steet momentan am 1.Bezirk vun der 2.Divisioun matt 1 Punkt an enger Goldifferenz vu 5:27 op der leschter Plaatz. Nodeems et um éischte Spilldag géngt Reisduerf nach en 1:1-Gläichspill gouf, huet d'Ekipp vum Trainer Mike Schaefer hir 6 Matcher duerno deelweis däitlech verluer.

Ustouss um synthetëschen Terrain vum Centre Scolaire zu Kietscht (Koetschette) ass ëm 20.00 Auer.