MATCHDAY: IZEG VS. GRÉIWEMAACHER
Haut de Mëtteg spillt eis éischt Ekipp fir de Kont vum 6.Spilldag doheem géngt den CS Gréiwemaacher.
An sengen éischte fënnef Matcher vun der Saison huet de Lëtzebuerger Champion vun 2003 néng Punkten gesammelt a steet am Klassement op der 4.Plaatz. Iwerdeems den CSG seng dräi Heemmatcher géngt Suessem, Käl-Téiteng a Wuermer konnt gewannen, gouf et souwuel bei Luna Uewerkuer wéi och zu Walfer keng Punkten.
Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16.00 Auer. Eis Jonge fréen sech och haut nees op all Ënnerstëtzung!
Opgrond vun der aktueller Situatioun gëllt et selbstverständlech, sech weiderhinn un déi bekannten COVID-19-Mesuren ze halen.
#netOuniMengMask
F.C. Blo-Wäiss Izeg