MATCHDAY: IZEG - ROUSPERT
Am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg spillt eis éischt Ekipp haut de Mëtteg géngt Victoria Rouspert, Veräin aus der BGL Ligue.
Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade Albert Kongs zu Izeg.
De Ball vum Match gëtt haut gesponsert vum Café Bei der Uelzecht zu Hesper.
De Match gëtt ënnert de Konditioune vum Covid Check organiséiert. Op dëser Plaatz sief nach eng Kéier drun erënnert, dass den FC Blo-Wäiss Izeg keng Schnelltester méi zur Verfügung stellt!
#fci1941
F.C. Blo-Wäiss Izeg